Meng Meenung zur Schoulreform

Ech hu schon eng Parti Reformen erliewt, mee et huet nach keng esou vill Ännerungen, Chaos, Durcheneen an Ierger mat sech bruecht wi di hei.

Dat Schlëmmst as dass fir t' Éischt dat wat gudd funktionéiert huet ofgeschaft gëtt an dann a groussem Zeitdrock a mat vill Stress fir di Leit di dru schaffen eppes "Neies" geschaaft gëtt wat am beschte Fall (deen awer nët antrëtt) kënnt bal esou gudd sin wi dat wat mer haten.

Firwat mecht een nët eng Analys vun der Situatioun ier een ufänkt wëll drop lass ze reforméieren?

De Jargon dee muss an de Programmer benutzt gin erënnert erschreckend un dee vun reliéise Fanatiker oder vun totalitäre Regimer. Och dat stëmmt een nodenklech...

Elo as d'Schouljoer geschwën zu Enn, an et as bei der Elektro-Sectioun nach kee Programm fir d'11e do (an nët well di Leit am Groupe Curiculaire nët genug geschafft haten!)

Et gëtt eng einfach Lëisung ( op allefall fir d'Elektro-Sectioun ): zreck zu de Programmer a Methoden vum "Ancien Régime" ), a punktuell Upassungen.
Zreck op de Wee vun der Vernunft!

JCF 2.5.2012